Wëllkomm um eduact

Dës Plattform riicht sech un d’Schüler a Schülerinnen an d’Léierpersonal aus de Grondschoulen an dem Enseignement secondaire zu Lëtzebuerg, déi d’Weltbiergerbildung an hir Schoulstonnen an hir Léiermethoden integréiere wëllen.

 

D’Weltbiergerbildung hëlleft besser ze verstoe wéi alles op der Welt zesummenhänkt. Si encouragéiert d’Schüler sech ze informéieren, kritesch ze iwwerleeën, Froen ze stellen a sech fir eng méi gerecht a méi nohalteg Welt anzesetzen. An engem Kontext vun Erausfuerderunge wéi dem Klimawandel, sozialen Ongerechtegkeeten oder demokratesche Krisen, bitt d’Weltbiergerbildung Hëllefsmëttel fir ze verstoe wat geschitt a fir zesummen Léisungen ze fannen.
Déi lëtzebuergesch Entwécklungs-ONG’en, déi am Beräich vun der Weltbiergerbildung aktiv sinn, kënnen hier Expertise zu spezifesche Sujeten deelen, Schoulstonnen animéieren an didaktescht Material zur Verfügung stellen.

Dës Plattform, ënnerstëtzt vun dem Ministère fir Education, Kanner a Jugend an dem Ministère fir auswäerteg Ugeleeënheeten, zentraliséiert dës Ressourcen a bitt dem Léierpersonal d’Méiglechkeet Kontakt mat enger Entwécklungs-ONG opzehuelen.

Mir liewen haut an enger globaliséierter a vernetzter Welt. Eis Entscheedungen an Handlungen hei hu Konsequenzen ob anere Plazen. Ob et Mikroplastik ass, dee vun der Wäschmaschinn fräi gesat gëtt a spéider am Ozean lant, oder de Kaf vun engem neie Smartphone, fir deen am Globale Süde Mënscherechter massiv verletzt ginn.

Hei setzt d’Weltbiergerbildung un: Mat verschiddene Formater huet dëse pädagogeschen Usaz net nëmmen d’Zil, d’Bewosstsi fir global Erausfuerderungen an d’Zesummenhäng ze stäerken, mä och Handlungen ze motivéieren, déi zu enger méi gerechter an nohalteger Welt op Basis vu Wäerter wéi Respekt a Solidaritéit féieren.

D’Weltbiergerbildung ass och Deel vum Zil 4 vun de 17 Ziler fir nohalteg Entwécklung vun der Agenda 2030 vun de Vereenten Natiounen, déi all Memberland, dorënner Lëtzebuerg, sech verpflicht huet z’erreechen.

 

 

Eng ofwiesslungsräich Offer vu pedagogeschen Aktivitéite fir Schoulklassen aus de Grondschoulen an dem Enseignement secondaire zu Lëtzebuerg. Mat ënnert anerem Atelieren, Ausstellungen, Visitten, Simulatiounsspiller, …

 

Dës Aktivitéite beliichten ënnerschiddlech Aspekter vun der Weltbiergerbildung, wéi zum Beispill Kannerrechter, Mënscherechter, Klimagerechtegkeet, International Solidaritéit, Fair an nohalteg Produktioun, Sozial Gerechtegkeet, Inklusioun, Recht op Educatioun, … an dëst op eng Manéier, déi dem Zilpublikum ugepasst ass.

Hei fannt Dir déi ganz Offer!

Katalog mat pädagogeschen Offren:

Apprendre à habiter le monde autrement – Atelier vivre ensemble & régénérer le monde

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures, Cycle 1, Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4
  • Format
    Atelier, Présentation
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    Fair an nohalteg Produktioun, International Solidaritéit, Klimagerechtegkeet, Sozial Gerechtegkeet

Apprendre à habiter le monde autrement – Atelier Cosmogonie

  • Cycle / Classe
    Classes supérieures
  • Format
    Atelier, Présentation
  • Sprooch(en)
    FR
  • Thema
    Fair an nohalteg Produktioun, International Solidaritéit, Klimagerechtegkeet, Sozial Gerechtegkeet

Apprendre à habiter le monde autrement – Atelier Terre

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures, Cycle 1, Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    Fair an nohalteg Produktioun, International Solidaritéit, Klimagerechtegkeet, Sozial Gerechtegkeet

Module 2 – Guerre et conflit

  • Cycle / Classe
    Non spécifié
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    International Solidaritéit, Kannerrechter, Mënscherechter, Recht op Educatioun

Module 3 – Ecrire pour ses droits WRITE FOR RIGHTS

  • Cycle / Classe
    Non spécifié
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    International Solidaritéit, Mënscherechter, Sozial Gerechtegkeet

Module 2 – Sensibilisation au harcèlement

  • Cycle / Classe
    Non spécifié
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    Inklusioun, Kannerrechter, Mënscherechter, Recht op Educatioun, Sozial Gerechtegkeet

Module 1 – Sensibilisation et éducation aux droits humains, aux droits de l’enfant et aux objectifs du développement durable (Primaire)

  • Cycle / Classe
    Non spécifié
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN, Autres
  • Thema
    Inklusioun, Kannerrechter, Mënscherechter, Recht op Educatioun, Sozial Gerechtegkeet

Atelier de décryptage sur le système alimentaire mondial industrialisé

  • Cycle / Classe
    Non spécifié
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    FR, DE