Wat versteet een ënnert Weltbiergerbildung?

Der Dubliner Deklaratioun vun 2022 no ass d’Weltbiergerbildung (op Franséisch Éducation à la Citoyenneté Mondiale an op Englesch Global Citizenship Education) eng Bildung, déi et de Leit erméiglecht kritesch iwwer d’Welt an hir Plaz an dëser Welt nozedenken ; hir Aen, hir Häerzer an hire Geescht fir d’Realitéite vun der Welt op lokalem a globalem Niveau opzemaachen.

Si gëtt de Leit déi néideg Mëttel, sech eng Welt virzestellen, ze erhoffen, ze verstoen an dofir ze handelen, an där Gläichheet a sozial Gerechtegkeet, Klimagerechtegkeet, Fridden, Solidaritéit, den Erhalt vum Planéit an internationaalt Verständnis existéieren a funktionéieren. Si bedeit de Respekt vun de Mënscherechter an der Diversitéit, d’Inclusioun an e wäertwiert Liewe fir jiddereen, elo an an der Zukunft

Wat sinn d’pedagogesch Ziler vun der Weltbiergerbildung?

D’Weltbiergerbildung zielt drop of dat d’Schüler déi néideg Kompetenzen entwéckelen, fir aktiv, verantwortlech an engagéiert Bierger a Biergerinnen an enger demokratescher a multikultureller Gesellschaft ze ginn.

Duerch d’Aktivitéiten, déi vun den Entwécklungs-ONG’en ugebuede ginn, gi follgend Kompetenzen bei de Schüler a Schülerinnen gestäerkt:

  • Prinzippie, wéi sozial Gerechtegkeet, Gläichheet, Inklusioun oder Demokratie, begräifen.
  • Wäerter, wéi Respekt a Solidaritéit, verstoen.
  • E Bewosstsi fir global Erausfuerderungen an d’Zesummenhäng entwéckelen.
  • Sech iwwert Themen, wéi Kannerrechter, Mënscherechter, nohalteger Entwécklung, Klimagerechtegkeet, fair an nohalteg Produktioun oder d’Recht op Educatioun, informéieren an austauschen.
  • Kritesch denken a respektvoll debattéieren. Aneren hir Meenungen, Iwwerzeegungen an Ënnerscheeder uechten. Wësse wéi ee kooperéiert, Konflikter léist a kollektiv Entscheedungen trëfft.
  • Medien an Informatioun analyséieren an eng ethesch Haltung a senge Choixen a Verhalen anhuelen.
  • Léisungsvirschléi maachen an sech fir eng méi gerecht an nohalteg Welt asetzen.

Hei fannt Dir déi ganz Offer!