Mir si lëtzebuergesch Entwécklungs-ONG’en (op Franséisch Organisations Non Gouvernementales de Développement), déi am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht an der Weltbiergerbildung aktiv sinn.

Eng Entwécklungs-ONG ass eng ONG, déi vum Ministère fir auswäerteg Ugeleeënheeten agreéiert ass, eng offiziell Unerkennung vun hirer Expertise am Beräich vun der internationaler a nohalteger Entwécklung.

Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell iwwert 80 Entwécklungs-ONG’en (Stand Mäerz 2026), déi zesumme mat hire Partner aus dem Globale Süden, Entwécklungsprojeten ëmsetzen an déi hei zu Lëtzebuerg Sensibiliséierungsaarbecht leeschten a Plaidoyer maachen. Si hunn eng Expertise a ganz ënnerschiddleche Beräicher, verschiddener scho säit iwwert 20 Joer.

Dës Plattform zentraliséiert ausschliisslech Aktivitéiten vun Entwécklungs-ONG’en, déi vum Ministère fir auswäerteg Ugeleeënheeten agreéiert sinn.

Hei fannt Dir méi Informatiounen zu de Partner vun eduact!

Firwat ob ONGDen zréck gräifen?

D’Entwécklungs-ONG’en si wichteg Partner vum Ministère fir auswäerteg Ugeleeënheeten am Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht an der Weltbiergerbildung.

Duerch e reegelméissege Kontrollmechanismus dréit de Ministère dozou bäi, d’Relevanz an d’Qualitéit vun der Offer ze garantéieren. Méi Informatiounen zum Agrement kënnt Dir hei noliesen.

Zousätzlech hunn alleguer d’Entwécklungs-ONG’en, déi op eduact als Partner vertrueden sinn, eng Charte ënnerschriwwen, déi d’Qualitéit vun hirer Offer garantéiert. Dës kënnt Dir hei  noliesen.

Wat ass de Cercle des ONGD?

Verbonne sinn all d’Entwécklungs-ONG’en duerch de Cercle de Coopération des ONGD du Luxembourg. De Cercle huet als Missioun de Secteur ze stäerken, ze vereenen an ze vertrieden.