FAQ
Partner
Fir Partner ze gin muss ech mech iwwert de Formulaire “Partner ginn” umellen fir eemoleg accréditéiert ze gin. Hei gin ech meng Donnéeën an a kréien eng Email mat weideren Informatiounen. Meng Donnéeën ginn dann iwwerpréift an et gëtt eng Décisioun per Email matgedeelt.
E Partner ass “accréditéiert” wann en sech offiziell iwwert dës Plattform ugemellt huet, an sech engagéiert iwwerpréift ze gin eng Réi Dokumenter anzehalen.
Prinzipiell ka jidderee Partner ginn, deen eng pedagogesch Offer fir Lëtzebuerger Schoulen ubitt. Dës Offeren mussen déi festgeluechten Qualitéitskritären erfëllen an als Partner engagéiert ee sech un der Charte des intervenants dans le milieu scolaire festzehalen.
All Partner ass verpflicht de Formulaire “Partner ginn” auszefëllen an op Nofro verschidden Dokumenter ze ënnerschreiwen an eranzereechen. Fir weider Informatiounen kann een sech iwwert de Kontakt Formulaire mëllen.
Just accréditéiert Partner kënnen Offeren op der Plattform ubidden. Fir sech als Partner accréditéieren ze loosen, klickt ob de Formulaire “Partner ginn”.
All Partner, déi hier Offere gären a Schoulen ubidden, sollen iwwert dës Plattform lafen a gebucht ginn.
Jo. All accréditéierte Partner kritt Accès zu engem Espace Partenaire wou ee seng eegen Demande kann geréieren.
Jo. All Partner ass verantwortlech fir seng Offeren online duerzestellen. Dëst ass alles iwwert den Espace Partenaire méiglech.
Nee. Offeren dierfen just duerch accréditéiert Partner ugebueden ginn.
Bei Froen kann ee sech iwwert de Kontakt Formulaire mëllen.
All Ufro gëtt ennerhalb vun 10 Schaffdeeg bearbecht.
De Fondamental ass a véier Cyclen agedeelt:
– De Cycle 1 bezitt sech op de Préscolaire. En adresséiert sech un d’Kanner vu 4-5 Joer (oder ab 3 Joer, fakultativ)
– D’Cycle 2-4 bezéie sech op de Primaire:
– De Cycle 2 ass fir Kanner vu 6 bis 7 Joer;
– De Cycle 3 ass fir Kanner vun 8 bis 9 Joer;
– De Cycle 4 ass fir Kanner vun 10 bis 11 Joer.
De Secondaire ass opgedeelt a Classes inférieures a Classes supérieures:
– Classes inférieures bezitt sech op d’ Klassen: 7e, 6e, 5e ;
– Classes supérieures bezitt sech op d’Klassen: 4e bis 1re.
Léierpersonal
D’Entwécklungszesummenaarbecht setzt sech resolut fir d’Bekämpfung vun der Aarmut, besonnesch an de mannst entwéckelte Länner, an. D’Entwécklungszesummenaarbecht dréit prioritär zur Ëmsetzung vun den 17 Ziler fir nohalteg Entwécklung bis 2030 bäi. Méi Informatiounen fannt Dir hei.
Eng Offer kann een ob verschidde Weer fannen. Entweder am generellen Offer Katalog oder op de Partner Säiten. Do fënnt een dann all Offeren vum selwechte Partner. Am Offer Katalog kann een mat verschiddene Filter gezielt sichen, oder generell all Offeren gesin, déi ugebueden gin vun eise Partner.
Eng Offer kann een iwwert de Site direkt buchen. Op der Offer Säit klickt een ob “je m’inscris” an da geet e Formulaire op, deen ee muss ausfëllen. Duerno iwwerhëlt de Partner d’Demande.
All Partner ass beméiht d’Ufroen sou séier wéi Méiglech ze beäntwerten. Bei Réckfroen kann een sech och iwwert de Kontaktformular mëllen.
Wann eng Offer iwwert de Site gebucht gëtt, gëtt een direkt mam Partner a Kontakt gesaat. All Froen zu der Offer ginn vum Partner beaarbecht. All generell Ufro kann iwwert de Kontaktformular gemacht gin.
Léiermaterial ass am Bësetz vum Partner, deen d’Offer ubitt. Gäre kann een beim Partner direkt nofroen, ob et méiglech ass, d’Material ze kréien. Vill Partner an Offeren bidden och Material direkt op der Plattform un. Dëst kann een prinzipiell eroflueden.
Um Kontaktformular kann ee sech bei Froen mëllen.
Non. Seules les offres proposées par des partenaires accrédités via cette plateforme peuvent être réservées.
Jo, eng ganz Rei Entwécklungs-ONG’en hunn och eng Offer fir d’Léierpersonal. Dës ginn iwwert den IFEN ugebueden!