Rucksackbibliothéik

D’Bicher vun eiser Bibliothéik ginn op eng Rees a huelen d’Kanner mat.

Wëllt Dir Äre Schüler en Abléck an d’Liewen a Kulture vun de Länner am Globale Süde ginn an dëst an Är Cours integréieren, fir d’Lies- a Sproochfäegkeeten ze fërderen? Dann ass d’Rucksakbibliothéik genau dat Richtegt fir Iech.

Rucksäck, gefëllt mat Märercher aus anere Kulturen, Geschichte vu Kanner an anere Länner a Sachbicher iwwer eng grouss Villfalt u Themen, wéi Ëmweltschutz oder Rohstoffer, kéinten dëst Joer erëm vun der Klass an d’Klass an ärer Schoul reesen.
All Schoulklass kann un der Bibliothéik-Aktioun “Kanner vun der Welt” deelhuelen, fir ze léieren, wéi ee Bicher fuerscht a weider Informatiounen iwwer d’Liewensbedingunge vun de Kanner weltwäit fënnt. Desen Atelier kann am CITIM gebucht ginn.

Zwee Rucksäck voller Bicher gi speziell fir d’ Klassen déi deel huele gefëllt. Et gëtt op d’Sproochenniveau opgepasst. Déi éischt Klass kritt d’Rucksäck a kritt eng kuerz Aféierung. Elo läit et un hinnen, sech an d’Welt vun de Bicher ze verdéiwen an dat, wat si gelies hunn, op eng kreativ Manéier duer ze stellen. Duerno ass et Zäit, sech un ze strécken, well d’Rees an déi nächst Klass weidergeet. D’Iwwerreechung läit an der Verantwortung vun de Schüler a Schülerinne selwer. Si erklären de Konzept a presentéieren hir Liblingsbicher de Kanner aus der nächster Klass.

Um Enn vum Schouljoer gëtt et eng Lieswoch. En Auteur vun de Bicher besicht d’Klassë, déi deelgeholl hunn.

Dës Offer ass gratis.

Bibliothéiksrallye – Zesummenhäng vun dëser Welt

Fir déi global Zesummenhäng ze verstoe ginn déi Jonk bei eis an der Bibliothéik ob d’Sich no Äntwerten.

Fir d’éischt kréien si e Gefill fir d’Envergure vun de globalen Zesummenhäng mat Hëllef vun eisem “Weltverdeelungsspill”. Wéi ass d’Weltbevölkerung um Globus verdeelt a wou läit de Räichtum?

Duerno geet et un d’Recherchéieren. Mat hire Smartphones an dem Internetsite “a-z.lu” léieren si wéi ee gezielt Informatioune sicht a fënnt.

Wat ass Kolonialismus, wat ass en transnationale Konzern a wat ass fairen Handel?

Bei hire Recherchë fannen déi Jonk déi verschiddenst Bicher an Dokumentatioune bei eis an der Bibliothéik, déi hinnen hëllefen, Informatiounen aus verifizéierte Ressourcen ze fannen.

Bibliothéiksrallye

Am Tandem erfuerschen d’Kanner déi verschidde Statiounen an der Bibliothéikk a kréien doduerch en Abléck an den Alldag vu Kanner an Südamerika, Asien an Afrika. Si erkennen, dass et Ënnerscheeder, mais och vill Gemeinsamkeete ginn.

Déi verschidde Statioune vun der Bibliothéiksrallye sinn als Länner gekennzeechent a mat ënnerschiddleche Medien (Bicher, Filmer, Fotoen, etc.) ekipéiert.

All Team kritt en Aarbechtsblat a versicht d’Aufgaben no an no mathëllef vun de Medien ze léisen. Ass eng Aufgab geléist gëtt un der nächster Statioun weider gemaach.

Wann d’Equippe fäerdeg mat hirem Rallye si versammelen sech d’Kanner erëm an d’Aarbechtsblieder ginn zesummen ausgewäert a beschwat.