Beschreiwung

An dësem Workshop sollen Schüler:innen enger säits fir hir Rechter an déi vun anere Kanner sensibiliséiert ginn an anerer säits sollen si selwer zu Akteur:innen an dësem Beräich ginn. Dëst ass och zentral wärend dem ganze Workshop: d’Schüler:innen sollen sou vill wéi méiglech selwer erschaffen an sech an aneren d’Thema méi no bréngen.

Fir d’Kannerrechter bezéiungsweis d’Mëssachtung vu Kannerrechter weltwäit besser ze verstoe ginn d’Schüler:innen duerch reell Fallbeispiller aus eise Projetslänner un d’Thema erugefouert. Dono geet et awer och ëm d’Situatioun vun hiren eegene Rechter hei zu Lëtzebuerg, an em hir Perspektiv dorop, wat nach kéint verbessert ginn. Fir potentiell Problemer méi konkret ugoen ze kennen, kréien d’Schüler:innen och eng Aféierung an d’Thema Aktivismus, wou si mat verschidde Forme vun Aktivismus konfrontéiert ginn an och Beispiller vu Kannerrechtsaktivismus aus eise Projetslänner kenneléieren. Si sollen och direkt vu jonke Kannerrechtsaktivist:innen héieren: sief et duerch e Video vu Jonker aus dem Globale Süden déi hire Projet an engem Video virstellen an/oder jonke Lëtzebuerger:innen (z.B. vum Jugendparlament, CNEL, move, oder Jugendrot etc.) déi an eng Sessioun ageluede ginn an iwwert hiren Aktivismus schwätzen.

Nieft de Seancen an deenen d’Theme Kannerrechter an Aktivismus behandelt ginn, wäert d’Klass och selwer aktiv ginn. Demokratesch decidéieren d’Schüler:innen wéiee Kannerrecht si stäerke wëllen, bzw zur Léisung vu wéi engem Problem se bäidroe wëllen. Wann dëst bis decidéiert ass, kënnen d’Schüler:innen sech a Gruppen opdeelen an all Grupp wäert mat engem Mini-Projet zum gemeinsamen Thema bäidroen.

Nieft de Gruppeprojeten, wäert d’Klass awer och ee gemeinsame Projet hunn: en Ofschlossevent vum Workshop bei dem all Grupp hire Projet virstellt. Am beschte Fall och virun anere Schüler:innen, sou dass si selwer zu Multiplikateur:innen ginn an aner Kanner fir hir Rechter sensibiliséieren. Duerch d’Organisatioun vun dem Event soll d’Klass nach weider zesumme wuessen an d’Stäerkte vun all eenzelnem fir d’Team asetzen.

D’AEIN an d’KNHL begleeden d’Klass duerch de ganze Prozess a wäerten de Schüler:innen och mat enger Rëtsch Saachen hëllefe kennen: mir stellen eng Lëscht mat Material etc, déi mir bäisteieren/ausléine kënnen, zur Verfügung.

Nom Ofschlossevent fënnt nach eng méi kuerz Feedbacksession statt, bei der d’Schüler:innen hir Meenung zum Workshop, hire Projeten, an dem Ofschlossevent deele kennen. Ausserdeem gëtt d’Fro gestallt: An elo? Kennen hir Projete weiderlafen oder weiderentwéckelt ginn? Hunn d’Schüler:innen Loscht sech weiderhi fir Kannerrechter anzesetzen, a wa jo, wéi?

De Workshop stellt also d’Schüler:innen an hir Rechter an de Mëttelpunkt a baséiert op interaktive Methoden. E soll och den Zesummenhang tëscht hire Rechter an de Rechter vun anere Kanner däitlech maachen an sou Empathie a Solidaritéit fuerderen.

An der Versioun wéi hei am Text beschriwwen, huet dëse Workshop mindestens 6 Seancen. Et ass awer och méiglech eng kuerz Versioun vu just 3 Seance ze maachen, do wäert d’Klass hir Projeten awer net kënnen ëmsätzen.

Conditions d’annulation

Au moins 48 heures à l’avance si toutes les séances doivent être annulées.
24 heures à l’avance si une seule séance ne peut pas avoir lieu.

Konditiounen

Age: 12 à 20 ans

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE
  • Thema
    Non spécifié
  • Regioun
    Centre, Est, Nord, Ouest, Sud
  • maximal Unzuel vu Participante
    25
  • Payant
    Nee
  • Sur site
    Jo
  • Frequenz
    Plusieurs fois
  • Fréquence
    3
  • Durée de l'activité
    2 heures
S’inscrire

Connexion IAM requise

Veuillez vous connecter avec votre compte IAM enseignant pour accéder au formulaire d’inscription.

Se connecter avec IAM

änlech Offeren

Ciné-Débat : Sur le Champ!

  • Cycle / Classe
    Classes supérieures
  • Format
    Atelier, Présentation, Visite
  • Sprooch(en)
    FR, EN, Autres

Programm : Entdeck d’Nohaltegkeet duerch den Nepal

  • Cycle / Classe
    Cycle 3, Cycle 4
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN

Atelier de décryptage sur le système alimentaire mondial industrialisé

  • Cycle / Classe
    Non spécifié
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    FR, DE

Programme Ecoles Connectées avec le Bangladesh autour du changement climatique

  • Cycle / Classe
    Classes supérieures
  • Format
    Atelier, Présentation
  • Sprooch(en)
    EN