Beschreiwung

D’ONGD-FNEL (Lëtzebuerg) an hiren nepalesesche Partner Umbrella Organization Nepal (UON) proposéieren de Schoulen e Projet, bei deem jonk Leit aus béide Länner zesummeschaffen.

D’Zil ass eng Sensibiliséierungscampagne iwwer en Thema vum Nohaltegeentwécklung (Mënscherechter, Klimawandel, Migratioun, Gendergläichheet, etc.) ze kreéieren an gläichzäiteg an deenen zwee Länner op de soziale Medien ze publizéieren.

De Projet vermëttelt Opmaache fir aner Kulturen, Teamwork an digital Kreativitéit.

Firwat soll Är Schoul matmaachen ?

✔ Biergerschafs-Kompetenzen stäerken
D’Schüler·innen setzen sech mat globale Problemer auserneen an engagéieren sech aktiv.

✔ Verständnis a Respekt tëscht Kulturen fërderen
Si léieren d’Realitéite vu jonke Leit aus dem Nepal kennen an tauschen Erfahrungen aus.

✔ Digital Kommunikatioun üben
Videoen, Biller, Posts, Stories – d’Participanten kreéieren modernen a kreativen Inhalt.

✔ Eng international Erfahrung maachen
E Projet, dee motivéiert an Sënn gëtt.

Oflaf vum Projet

1. Kenneléiere & Team building

Virtuellt Treffen tëscht de Gruppe vu Lëtzebuerg an dem Nepal:

  • Austausch iwwer hiert Alldag a Wëssen,

  • kleng Spiller fir sech kennenzeléieren,

  • éischt Diskussioune ronderëm Nohaltegkeet.

2. Wiel vum Thema

D’Participante proposéieren Themen an engem Vote gëtt dat endgültegt Thema bestëmmt.

3. Kampagnenplanung

Zesumme gi festgeluecht :

  • wichteg Messagen,

  • Aart vu Posts (Videoen, Plakater, Stories…),

  • Plattformen (Instagram, TikTok, Facebook…),

  • Opgabendeelung a Kalenner.

4. Inhalt erstelle

A verschiddene Gruppen (Design, Video, Text…) gi folgend Materialie geschaaft:

  • eng grafesch Identitéit,

  • Fotoen a Grafiken,

  • kuerz Videoen,

  • informativen Text.

5. Start vun der Campagne

D’Campagne gëtt gläichzäiteg am Nepal a Lëtzebuerg publizéiert.
D’Participante kënnen d’Reaktiounen a Kommentaren verfollegen a mat de Leit interagéieren.

6. Ofschloss & Reflexioun

E gemeinsame Feedback-Treffen mat Diskussiounen iwwer d’Resultater an dat Geléiert.

Konditiounen

- Prévoir 2-3 réunions avec le Népal
- Prévu pour des jeunes de minimum 16 ans
- Pour participer activement aux échanges il est nécessaire avoir des bases en anglais (écouté, parlé, écrit, lu), mais cela n'est pas une condition pour participer à la campagne de sensibilisation sur d'autres tâches
- Téléphone, Tablette ou ordinateur nécessaire

  • Cycle / Classe
    Classes supérieures
  • Format
    Non spécifié
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    Non spécifié
  • Regioun
    Centre, Est, Nord, Ouest, Sud
  • maximal Unzuel vu Participante
    5
  • Payant
    Nee
  • Sur site
    Nee
  • Frequenz
    Plusieurs fois
S’inscrire

Connexion IAM requise

Veuillez vous connecter avec votre compte IAM enseignant pour accéder au formulaire d’inscription.

Se connecter avec IAM

Ressourcen

Presentation-of-the-NGOs-UON-and-ONGD-FNEL.pdf

  • Taille: 146.52 KB

änlech Offeren

Module 1 – Sensibilisation et éducation aux droits humains, aux droits de l’enfant et aux objectifs du développement durable (Primaire)

  • Cycle / Classe
    Non spécifié
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN, Autres
  • Thema
    Inklusioun, Kannerrechter, Mënscherechter, Recht op Educatioun, Sozial Gerechtegkeet

Leave no one behind

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures, Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4
  • Format
    Atelier, Présentation
  • Sprooch(en)
    FR, EN

Bibliothéiksrallye – Zesummenhäng vun dëser Welt

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Bibliothéik Rallye
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    International Solidaritéit, Klimagerechtegkeet, Mënscherechter, Sozial Gerechtegkeet