Beschreiwung

Dëse Workshop behandelt d’Theme Flucht, Integratioun a Kannerrechter.

D’Participanten analyséiere kritesch d’Ënnerscheeder tëscht Migratioun a Flucht a maachen sech mat de Schlësselkonzepter an de juristesche Kader vertraut.

Si reflektéieren d’Erausfuerderungen, mat deene Kanner an Erwuessener op an no enger Flucht konfrontéiert sinn, an hannerfroen hir eege Roll an der Gesellschaft.

D’Haaptzil ass also net nëmmen d’Sensibiliséierung fir d’Situatioun vu Refugiéen a Migrant:innen ze stäerken, mä och d’Jugendlecher doran ze bestäerken, sech als Akteur:innen ze gesinn, déi aktiv zum soziale Wandel bäidroe kënnen. Wien ass verantwortlech fir eng gelongen Integratioun? Wéi eng Roll spillen si selwer an dem Prozess?

Struktur vum Atelier:

No enger Aféierung an d’Kannerrechter diskutéiert d’Klass, wéi dës Rechter zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn a wou et Differenzen zu de Liewensrealitéite vu geflüchte Kanner a Jugendlecher gëtt. Mat Hëllef vu Fallstudien a Gruppenaarbechten exploréieren si déi zentral Aspekter vun der Flucht an der Migratioun a entdecken d’Push- a Pull-Faktoren, déi Migratioun beaflossen.

E weidere wichtege Punkt ass d’Situatioun vu Refugiée zu Lëtzebuerg. D’Schüler:innen behandelen d’Theme Virurteeler, onbegleet, mannerjäreg Flüchtlingen an d’Froe ronderëm d’Integratioun.

An der längerer Versioun vum Atelier (minimum 6 Sessiounen) setzen d’Jugendlecher hiert Wëssen a Praxis ëm duerch e Sensibiliséierungsprojet, deen den Equippegeescht an d’organisatoresch Fäegkeete stäerkt. Genausou verdéiwen si hir kritesch Reflexioun iwwer déi behandelt Themen.

Zousätzlech wäert d’Klass an der Lag sinn, aner Kanner a Jugendlech iwwer hir Rechter, an déi vun anere Jonker ze sensibiliséieren a sou als Multiplikator:innen ze handelen.

Conditions d’annulation

Mindestens 48 Stonnen am Viraus, wann all d'Seancen ofgesot solle ginn. 24h am Virraus wann just eng Seance net stattfanne kann.

Konditiounen

Alter: 12 bis 20 Joer

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, DE
  • Thema
    Non spécifié
  • Regioun
    Centre, Est, Nord, Ouest, Sud
  • maximal Unzuel vu Participante
    25
  • Payant
    Nee
  • Sur site
    Jo
  • Frequenz
    Plusieurs fois
  • Fréquence
    3
  • Durée de l'activité
    2 heures
S’inscrire

Connexion IAM requise

Veuillez vous connecter avec votre compte IAM enseignant pour accéder au formulaire d’inscription.

Se connecter avec IAM

änlech Offeren

Indigene Vëlker an hir Rechter – Koffer

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Simulatiounsspill
  • Sprooch(en)
    DE
  • Thema
    Fair an nohalteg Produktioun, International Solidaritéit, Klimagerechtegkeet, Mënscherechter, Sozial Gerechtegkeet