Beschreiwung
De Workshop „Ökologesch Rechter vum Kand“ verbënnt d’Theme vun de Kannerrechter, dem Klimawandel an der nohalteger Entwécklung. Nieft der Vermëttlung vu Wëssen steet déi aktiv Participatioun am Mëttelpunkt vun der Approche: d’Jugendlecher entwéckelen d’Inhalter selwer a ginn zu Expert*innen. Mir stellen hinnen eis Ausstellung mat Fotoen an Informatiounen aus eise Projetslänner zur Verfügung.
An enger zweeter Phas këmmeren si sech ëm d’Organisatioun vun der Fotoausstellung, inklusiv dem Erëffnungsevent. Am ganze Prozess ginn si vun eisem Team begleet a ënnerstëtzt.
D’Zil vum Atelier ass, dass d’Jugendlecher d’Zesummenhäng tëscht ökologesche Froen, den Ziler fir nohalteg Entwécklung (ODD) an de Kannerrechter verstinn, an erkennen, wéi de Klimawandel an déi global Interdependenzen dës Rechter beaflossen. Si ginn encouragéiert, iwwer hir eege Roll an enger nohalteger Zukunft nozedenken, organisatoresch Kompetenzen z’entwéckelen an ze léieren, komplex Inhalter kloer a verständlech ze presentéieren.
D’Gruppenaarbecht stäerkt d’Empathie, d’Verantwortungsgefill an d’Fäegkeet, am Team ze schaffen. Zousätzlech sinn d’Participant*innen fäeg, aner Leit fir déi ökologesch Rechter vum Kand an d’Nohaltegkeet ze sensibiliséieren an als Multiplikatore ze fungéieren.
Struktur vum Atelier
De Workshop fänkt mat enger Aféierung an d’Theeme Kannerrechter an Agenda 2030 un. D’Jugendlecher entdecken déi 10 elementar Kannerrechter an diskutéieren, wéi eng Rechter besonnesch staark vun ökologesche Facteure betraff sinn. Déi 17 Ziler fir nohalteg Entwécklung ginn op eng spilleresch Aart a Weis presentéiert a mat de Kannerrechter a Bezuch gesat.
An engem zweete Schrëtt verdéiwen d’Participant*innen d’Theema vun den ökologesche Rechter vum Kand unhand vun enger Fotoausstellung. Si analyséieren déi verschidden Elementer vun der Ausstellung, maachen zousätzlech Recherchen, presentéieren hir Resultater am Grupp a léieren unhand vu konkrete Beispiller, wéi Ëmweltfroen a Kannerrechter zesummenhänken.
Duerno gëtt iwwer global Interdependenze reflektéiert. Mat interaktive Methode wéi engem Quiz oder engem Spill ginn d’Jugendlecher sech dem globalen Impakt vu lokalen Handlunge bewosst an denken iwwer hir eege Roll no.
Uschléissend fänkt d’Organisatioun vun der Fotoausstellung un: de Grupp entwéckelt zesummen e Konzept, definéiert d’Responsabilitéiten a plangt souwuel d’Präsentatioun wéi och d’Erëffnungsevent.
Den Héichpunkt ass déi ëffentlech Ausstellung, bei der d’Participant*innen d’Thema virstellen, Visites guidées ubidden an sech mat de Visiteuren austauschen. Eng ofschléissend Feedback-Seance erméiglecht et, iwwer dat Geléiert nozedenken a Méiglechkeeten ze diskutéieren, wéi den Engagement weidergefouert oder ausgebaut ka ginn.