Beschreiwung

De Programm hëlleft de Schüler·innen d’Nohaltegkeet aus verschiddene Perspektiven ze entdecken. Mat einfachen Aktivitéiten, Gespréicher an Observatiounsübungen léieren si, wéi eis Entscheedungen d’Gesellschaft an d’Ëmwelt beaflossen. Den Atelier fördert Respekt, Empathie, Verantwortung a Liewen zesummen.

D’Schoulen kënnen aus verschiddenen Themen auswielen :

Et ass méiglech nëmmen en Atelier ze wielen, awer mir schloe fir 4 bis 6 Atelier fir e Schouljoer ze programméieren, fir en optimale Suivi.

  • Migratioun a Sécherheet : d’Risiken vun ongesécherter Migratioun verstoen.

  • Separatioun vun de Familljen : Ursaachen a Konsequenzen entdecken.

  • Schoulinfrastrukturen : firwat gutt Schoulen a passend Raim wichteg sinn.

  • Stigmatisatioun : Virurteeler géintiwwer Leit mat engem Handicap oder virale Krankheeten erkennen.

  • Traditionellt Wëssen : seng Bedeitung a Wäert fir eng Gemeinschaft.

  • Fréie Bestietnes : Auswierkungen op d’Bildung vu jonke Meedercher.

  • Kannerrechter : zu Lëtzebuerg an op der Welt.

  • Interkulturalitéit a Liewen zesummen : Opmaachen, Verstoen a Respekt léieren.

  • Kulturell Stereotypen : wéi se entstinn a wéi ee se ofbauen kann.

  • Kachatelier Momo : Kultur a Migratioun duerch d’Kichen entdecken.

  • Ëmwelt (Visitt op de Misärshaff. Muss am Viraus geplangt ginn) : praktesch Aktivitéiten zur Natur, a Kollaboratioun mat der FNEL.

Dës Atelieren hëllefen de Schüler·innen, d’Nohaltegkeet an hire soziale, kulturellen an ekologesche Facetten besser ze verstoen an aktiv matzedenken.

Conditions d’annulation

D'Datumer ginn um Ufank vum Programm zesumme mat den Enseignant·e·n festgeluecht. Eng Annulatioun muss spéitstens eng Woch virum Atelier gemellt ginn.

Les dates sont définies en début de programme avec les enseignant.e.s. L'annulation se fait au plus tard 1 semaine avant l'atelier.

Konditiounen

De Programm ëmfaasst tëscht 4 an 6 Atelieren, verdeelt iwwer dat ganzt Schouljoer (ongeféier all zwee Méint). Den Enseignant oder d’Enseignante kann fräi auswielen, wéi vill Atelieren hien oder si wëllt maachen, souwéi och déi passend Themen aus der zur Verfügung gestallter Lëscht. Mir encouragéieren, wa méiglech, d’Auswiel vun den Themen un de Schoulprogramm unzepassen an och Verbindunge mat de jeeweilegen Unterréchtsfächer hierzestellen.

Le programme propose entre 4 et 6 ateliers répartis sur l’ensemble de l’année scolaire (environ un toutes les deux mois). L’enseignant·e peut librement choisir le nombre d’ateliers ainsi que les thématiques à partir de la liste fournie. Nous encourageons, dans la mesure du possible, à sélectionner les thématiques en cohérence avec le programme scolaire et à établir des liens avec les matières abordées en classe.

  • Cycle / Classe
    Cycle 3, Cycle 4
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    Non spécifié
  • Regioun
    Centre, Est, Nord, Ouest, Sud
  • maximal Unzuel vu Participante
    20
  • Payant
    Nee
  • Sur site
    Jo
  • Frequenz
    Plusieurs fois
  • Fréquence
    5
  • Durée de l'activité
    2 heures
S’inscrire

Connexion IAM requise

Veuillez vous connecter avec votre compte IAM enseignant pour accéder au formulaire d’inscription.

Se connecter avec IAM

änlech Offeren

E kreativen an engagéierte Projet tëscht Jonke vu Lëtzebuerg an dem Nepal

  • Cycle / Classe
    Classes supérieures
  • Format
    Non spécifié
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN

Friem Welt – Metalog Spill

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Simulatiounsspill
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN, Autres
  • Thema
    Inklusioun, International Solidaritéit, Mënscherechter, Sozial Gerechtegkeet

Indigene Vëlker an hir Rechter – Koffer

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Simulatiounsspill
  • Sprooch(en)
    DE
  • Thema
    Fair an nohalteg Produktioun, International Solidaritéit, Klimagerechtegkeet, Mënscherechter, Sozial Gerechtegkeet