Beschreiwung

D’Bicher vun eiser Bibliothéik ginn op eng Rees a huelen d’Kanner mat.

Wëllt Dir Äre Schüler en Abléck an d’Liewen a Kulture vun de Länner am Globale Süde ginn an dëst an Är Cours integréieren, fir d’Lies- a Sproochfäegkeeten ze fërderen? Dann ass d’Rucksakbibliothéik genau dat Richtegt fir Iech.

Rucksäck, gefëllt mat Märercher aus anere Kulturen, Geschichte vu Kanner an anere Länner a Sachbicher iwwer eng grouss Villfalt u Themen, wéi Ëmweltschutz oder Rohstoffer, kéinten dëst Joer erëm vun der Klass an d’Klass an ärer Schoul reesen.
All Schoulklass kann un der Bibliothéik-Aktioun “Kanner vun der Welt” deelhuelen, fir ze léieren, wéi ee Bicher fuerscht a weider Informatiounen iwwer d’Liewensbedingunge vun de Kanner weltwäit fënnt. Desen Atelier kann am CITIM gebucht ginn.

Zwee Rucksäck voller Bicher gi speziell fir d’ Klassen déi deel huele gefëllt. Et gëtt op d’Sproochenniveau opgepasst. Déi éischt Klass kritt d’Rucksäck a kritt eng kuerz Aféierung. Elo läit et un hinnen, sech an d’Welt vun de Bicher ze verdéiwen an dat, wat si gelies hunn, op eng kreativ Manéier duer ze stellen. Duerno ass et Zäit, sech un ze strécken, well d’Rees an déi nächst Klass weidergeet. D’Iwwerreechung läit an der Verantwortung vun de Schüler a Schülerinne selwer. Si erklären de Konzept a presentéieren hir Liblingsbicher de Kanner aus der nächster Klass.

Um Enn vum Schouljoer gëtt et eng Lieswoch. En Auteur vun de Bicher besicht d’Klassë, déi deelgeholl hunn.

Dës Offer ass gratis.

Konditiounen

Les inscriptions sont possible d'octobre à novembre chaque année.

  • Cycle / Classe
    Cycle 3, Cycle 4
  • Format
    Atelier, Bibliothéik Rallye
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN
  • Thema
    Fair an nohalteg Produktioun, Inklusioun, International Solidaritéit, Kannerrechter, Klimagerechtegkeet, Mënscherechter, Recht op Educatioun, Sozial Gerechtegkeet
  • Regioun
    Centre, Est, Nord, Ouest, Sud
  • maximal Unzuel vu Participante
    25
  • Payant
    Nee
  • Sur site
    Jo
  • Frequenz
    eemoleg
S’inscrire

Connexion IAM requise

Veuillez vous connecter avec votre compte IAM enseignant pour accéder au formulaire d’inscription.

Se connecter avec IAM

änlech Offeren

90 destins brisés

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures, Cycle 4
  • Format
    Atelier, Exposition, Présentation
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN, Autres

Weltverdeelungsspill

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Simulatiounsspill
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN, Autres
  • Thema
    International Solidaritéit, Klimagerechtegkeet, Mënscherechter, Sozial Gerechtegkeet

Monde textile et Climat

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures, Cycle 2, Cycle 3
  • Format
    Atelier
  • Sprooch(en)
    LU, FR, EN
  • Thema
    Fair an nohalteg Produktioun, Klimagerechtegkeet