CITIM – Centre d’Information Tiers Monde

Contact

De Centre d’Informatioun Tiers Monde, kuerz CITIM, ass déi eenzeg Vitrine vun der Weltbiergerbildung  an der internationaler Solidaritéit hei zu Lëtzebuerg. Dëse Service, dee vun der Associatioun Action Solidarité Tiers Monde bedriwwe gëtt et zënter 1982. Follgend Aktivitéitsberäicher ginn ugebueden:

Nord-Süd Bibliothéik

Dëst Dokumentatiouns- a Informatiounszentrum spezialiséiert sech op Entwécklungsfroen a kulturell Diversitéit. Iwwer 10.000 Bicher, Zäitschrëften, Dokumenter a pädagogescht Material stinn de Bierger, Organisatiounen an Institutiounen zur Verfügung.

Zentrum a Plaz fir d’Weltbiergerbildung

Dëse Raum bitt pädagogesch Atelieren a Sensibiliséierungsaktiounen, déi vu verschiddenen ONGen an/oder Associatiounen organiséiert ginn.

Zentrum fir Treffen a Austausch

Dëse Raum ass de ëffentlechen Treffen a Austausch gewidmet, déi vu  verschiddenen ONGen, souwéi vun anere soziale Gruppen a Vereenegungen organiséiert ginn. Et bitt en eenzegaartege Raum fir Debatten, Versammlungen, Zesummekommen an aner sozial, kulturell a literaresch Evenementer ze organiséieren.

Formatiounszenter

Hei fannen Experten an Expertinnen aus de Secteure vun der Kooperatioun an der Bildung e point de rencontre fir Formatiounen, pädagogesch Ressourcen, Methodologien an Experimentatiounen. D’Formatioune gi vun Acteuren aus der Kooperatioun an engem Pool vun onofhängege Formateuren ugebuede.

Offres

Pipeline Spill – Metalog

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Simulatiounsspill
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN, Autres
  • Thema
    Inklusioun, International Solidaritéit, Mënscherechter, Sozial Gerechtegkeet

Team Navigator – Jeu Metalog

  • Cycle / Classe
    Classes inférieures, Classes supérieures
  • Format
    Simulatiounsspill
  • Sprooch(en)
    LU, FR, DE, EN, Autres
  • Thema
    Inklusioun, International Solidaritéit, Mënscherechter, Sozial Gerechtegkeet