arbeitsmappe_baumwolle.pdf
- Taille: 8.64 MB
Zënter senger Grënnung den 25. Mäerz 1992 ënnert dem urspréngleche Numm “TransFair-Minka asbl” huet sech d’ONG Fairtrade Lëtzebuerg zesumme mat hire Partneren dozou engagéiert, e méi gerechten a méi nohaltegen Handel tëscht de ProduzentInnen a AarbechterInnen an Afrika, Asien, Lateinamerika an der Karibik an de Konsumenten zu Lëtzebuerg ze entwéckelen. D’ONG Fairtrade Lëtzebuerg ass e Member vun Fairtrade International, enger Daachorganisatioun, déi 1997 gegrënnt gouf a 26 national Organisatiounen zesummebréngt an déi d’Kritären fir de Fairtrade-zertifizéierten Handel zu Lëtzebuerg definéiert. Déi zu Lëtzebuerg baséiert ONG hëlt d’sozial, wirtschaftlech an ëmweltlech Dimensiounen vum faire Handel a Betracht, déi net méi als Alternativ gesi solle ginn, mee einfach als Ausdrock vum biergerleche gesonde Mënscheverstand, mat dem Zil, méi Respekt an Gläichheet am internationale Handel z’erreechen.
Eis Wäerter:
Zënter iwwer 40 Joer engagéiert sech Fairtrade weltwäit dofir, d’Wäerter vum Respekt, vun der Gerechtegkeet an der Nohaltegkeet ze verankeren. An dësem Geescht muss all Initiativ oder Sensibiliséierungskampagne vun der ONG Fairtrade Lëtzebuerg d’Wäerter a Praktiken integréieren, déi d’DNA vun der Organisatioun ausmaachen, nämlech:
– Respekt fir d’Ëmwelt an d’natierlech Welt
– Respekt fir d’Geschlechterbalance an d’Gläichheet
– Respekt fir d’Wuelbefanne vum Personal
– D’Benotzung vu verantwortungsbewossten Akafspraktiken
Nos valeurs: Depuis plus de 40 ans, le commerce équitable s’engage à ancrer des valeurs de respect, d’équité et de durabilité dans le monde. Dans ce sens, toute initiative ou action de sensibilisation menée par l’ONG Fairtrade Lëtzebuerg doit intégrer les valeurs et les pratiques, qui constituent l’ADN de l’organisation, à savoir : – Le respect de l’environnement et du milieu naturel – Le respect de l’équilibre et de l’égalité de genre – Le respect du bien-être des collaborateurs et collaboratrices – Le recours à des pratiques d’achat responsables