Flyer-KR-Koffer-Weiterbildung-KNHL.pdf
- Taille: 386.49 KB
Kindernothilfe Luxembourg (KNHL) gouf 2009 gegrënnt an ass eng staatlech registréiert ONG. D’Missioun vun der Organisatioun ass et, ouni Diskriminatioun opgrond vu Geschlecht, Hierkonft oder Relioun zu der nohalteger Verbesserung vun de Liewensbedingunge vu Kanner a Jugendlechen a Nout bäizedroen. Zu dësem Zweck ginn Ënnerstëtzungsmoossname fir Kanner a Jugendlecher, souwéi fir hiert direkt sozialt Ëmfeld, am Kader vun enger ëmfaassender Entwécklungszesummenaarbecht ëmgesat. Well Kanner am Allgemengen besonnesch vu Katastrophen betraff sinn, engagéiert sech d’Organisatioun och an der humanitärer Hëllef a Klimagerechtegkeet. Bannent der lëtzebuerger Gesellschaft engagéiert sech d’KNHL mat hirer Bildungsaarbescht. D’Prinzipie vun Participatioun an Empowerment, souwéi de Respekt vun de Kannerrechter, bilden d’Basis vun den Aktivitéite vun der Organisatioun. Als onofhängeg lëtzebuergesch Organisatioun kooperéiere mir international mat anere Kindernothilfe-Büroen weltwäit.