Exposition photographique sur le Sénégal
-
Cycle / ClasseClasses inférieures, Classes supérieures, Cycle 2, Cycle 3, Cycle 4
-
FormatExposition
-
Sprooch(en)LU, FR
D’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt ass eng « Association sans but lucratif » déi 1988 gegrënnt gouf, an dat duerch de Scoutsmouvement « Lëtzebuerger Guiden a Scouten » (LGS).
Se gouf an d’Liewe geruff fir d’Organisatioun vun engem Camp-Chantier ze erméiglechen, mam Zil, e Formatiounszentrum zu Mboro am Senegal ze bauen. Zënterhier ënnerstëtzt d’ONGD Entwécklungsprojeten wou et em qualitativ gutt Ausbildung an inklusiv Beruffsformatioun geet. Dës Projeten ginn an Zesummenaarbecht mat lokale Partner ausgeféiert, an zwar am Senegal, am Niger, am Cabo Verde an a Bolivien. D’ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt (Lëtzebuerger Guiden a Scouten : LGS) ass eng ONG déi sech un de Prinzippien an un de Wäerter vum Scoutismus orientéiert, Wäerter wéi Fridden, Solidaritéit, Participatioun, Zesummenaarbecht, Interkulturalitéit, Gerechtegkeet, Fräiheet a Respekt vun de Mënscherechter. Ons Missioun : d’Liewensëmstänn vun de Kanner an de jonke Leit am Süde wéi am Norden ze verbesseren ; dozou bäidroen, datt si um biergerleche Liewen deelhuelen duerch eng schoulesch oder ausserschoulesch Ausbildung vu Qualitéit, déi op der Method vum internationale Guidismus/Scoutismus berout.
Ons strategesch Axen :